16 avril


Événements

SEC Day

Als Sustainable Entrepreneurial School engagéiert de LAML sech fir Nohaltegkeet an Entrepreneuriat.

Den 23. Oktober 2023 krut de Lycée dofir schonn déi zweete Kéier déi héchsten Auszeechnung als Sustainable Entrepreneurial School. Mat iwwer 90 Aktivitéiten a Projet’en am Kader vun der SES huet de LAML gewisen, dass e sech op héchstem Niveau fir den Nohaltegkeetsgedanken engagéiert an den entrepreneuriale Geescht am Gebai lieft. De Projet gëtt vum SCRIPT a vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt a huet ënnert anerem als Zil, d’Eegeninitiativ an d’Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. D’Lycéeën kennen am Projet dräi verschidden Niveauen/ Labelen erreechen.

Highlight vun dësem Engagement ass de SEC Day – Sustainable Entrepreneurial Competence Day.

D’Ecos-Proffen am LAML organiséiere fir all Joergang verschidden Aktioune wéi Fair Breakfast, Rethink your clothes, Fair Baking, Upcycling, Ateliere mat der Chambre de Commerce, de Jonk Entrepreneuren an eng Campusbotzaktioun zesumme mat der Ville de Luxembourg.