D’Mini-Entreprise “Bëssen Wëssen” huet beim JA Marketplace Vienna 2023 de Weekend déi éischte Plaz beluecht.

Beim Concours hu 40 Mini-Entreprisen aus ganz Europa matgemaach. Déi jonk Entrepreneuren aus dem LAML waren ausgewielt gi fir Lëtzebuerg ze vertrieden.

De Yanis Aboumaad, d’Julia Elgarrach, d’Lynn Haupert, d’Kim Lanners, d’Vicky Noben, d’Cherine Nothum, d’Emma Pardaens an de Mathieu Vercauteren hunn d’Jury op der ganzer Linn iwwerzeegt.

Zu Lëtzebuerg präparéieren si sech elo mat aner Mini-Entreprisen op d’Halleffinall.