Beim Literatour-Concours “Utopie/Dysoptie” hunn d’Participant’en haaptsächlech däitsch Texter eraginn.

Fir d’Finale op der Soirée littéraire den 23. Februar ware siwen SchülerInnen nominéiert: d’Anja Barthelmy, d’Elyna Bourmault, d’Toni Salomon, d’Anastasia Schwartz Kachmar, d’Enora Welfringer, d’Enora Speck an de Sam Elsey.

D’Präisser goufen iwwerreecht vun den Autorinne Germaine Goetzinger a Martine Schoellen a vun der Direktesch, dem Carole Chaine.

Den éischte Präis krut d’Enora Speck mam Text “Schaukeln”, deen zweeten d’Anastasia Schwartz Kachmar mam Text “Der Neustart” an den drëtte Präis krut d’Enora Welfringer mam Text “Why is our world such a fucked up place”.