Dëst Schouljoer ginn et am Lycée 7 nei Entreprisen.

Vun eisen 2e Schüler a Schülerinnen gouf d’Minientreprise Bakmeeschter gegrënnt, op der 3e ginn et direkt véier nei Mini-Entreprisen: MustSnack, Wastro, BeeSoap an Citygum.

An e puer vun eise 4e Schüler hunn am Kader vum Projet “my first enterprise” zwou Entreprisë gegrënnt, déi elo wärend 10 Wochen aktiv sinn: Heat Up a Letz Dunk.

Si all trieden op nationalem Niveau bei verschiddene Concoursen un, déi vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg) organiséiert ginn.