Nodeems d’COVID-Restriktioune gelackert goufen, ass eise Lycée rëm fir Visiten op.

Schülerinnen a Schüler vum Cycle 4.2 kënnen a Begleedung vun engem Erwuessenen d’Schoul kucke kommen.

Mir hunn dofir op 3 Deeg jeeweils zwee Momenter virgesinn:

  • Donneschdes den 10. Juni um 18h00 an um 19h00
  • Dënschdes de 15. Juni um 18h00 an um 19h00
  • Samschdes den 19. Juni um 10h00 an um 11h00

D’Visitte vum Gebai sinn a verschidden Sproochen an a Gruppe vu max. 10 Persounen, Dauer ca. 40 Minutten.

Umeldung iwwer Telefon 2604-3206.